
An hirem Bulletin mécht d’Police e Freideg de Moie virun enger neier Arnaque, wou Krimineller probéieren, iwwer gefälschte Broschüre potentiell Affer ze fannen. Hinne ginn doranner “onrealistesch Rendemente” versprach.
Falsch Employéeë géifen dës Broschür am Numm vun der Spuerkeess verdeelen. D’Bank huet awer näischt dermat ze dinn an et handelt sech hei ëm Bedruch. Dat deelt och d’Spuerkeess selwer mat.
D’Arnaque wier baséiert op engem ale Layout, mat deem virun allem Leit, déi net Client bei der Bank wieren, verleet géife ginn, Suen unzeleeën. Mat der gefälschter Broschür, déi um Site vun der Spuerkeess ze gesinn ass, géif et dann och nach eng fiktiv E-Mail-Adress vun engem Uspriechpartner op der Bank ginn.

“Mir ruffen all eis Clienten an all aner Persounen dozou op, besonnesch gutt opzepassen”, ass bei der Spuerkeess ze liesen. Am Zweiwelsfall sollt ee säin übleche Banke-Beroder kontaktéieren, sech un eng offiziell Spuerkeess-Agence wenden oder d’Telefonszentral vun der Bank uruffen.
Am Zweiwelsfall soll een ëmmer bei der Bank selwer nofroen an et soll ee ganz mësstrauesch sinn, wa séiert an einfacht Geld versprach gëtt, heescht et vun der Police. Wann een Affer vu sou engem Investitiounsbedruch gëtt, soll ee Plainte maachen.