No Abréch zu KënzegPolice huet dräi presuméiert Täter festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg géint 15.40 Auer gouf zu Kënzeg am Bongert an en Haus agebrach. D'Täter haten d'Dier vun der Veranda hannert dem Gebai opgebrach.

Kuerz virum Abroch war e verdächtege Won mat dräi Männer opgefall, deen e puer Mol duerch d’Strooss gefuer war. Kuerz nom Abroch gouf direkt no de Persoune gesicht an och déi belsch a franséisch Police gouf informéiert.

Zwee Verdächteger konnte kuerz drop vun zwou Privatpersoune gestallt ginn a goufe festgehalen, bis d’Police op der Plaz war. Den drëtte Mann konnt bei der belscher Grenz immobiliséiert ginn. Och d’Gefier, mat deem d’Männer ënnerwee waren, gouf saiséiert.

De Parquet huet zwee vun den dräi Verdächtege verhafte gelooss. Beim drëtte goufe Mesuren ergraff, déi dem Alter vum Mannerjärege gerecht waren. Dat, wat si geklaut haten, gouf de Besëtzer zeréckginn.

Tëscht dem 8. an 9. November gouf et dann nach weider Abréch respektiv Abréchsversich, dat zu Senneng, Leideleng, Bartreng, Helsem a Klierf.

Back to Top
CIM LOGO