
De 16. Dezember 2025 géint 13:20 Auer gouf zu Rodange e Portmonni vum Bäifuerersëtz aus engem Gefier geklaut. D'Police sicht elo an dësem Zesummenhang no der Persoun, déi op der Foto ze gesinn ass.
Wien d'Persoun erkennt oder zousätzlech Informatiounen huet, gëtt gebueden, sech bei der Police Käerjeng/Péiteng ze mellen, entweder iwwer Telefon (+352 244 56 1000) oder per Email (police.bascharagepetange@police.etat.lu).