Permisen agezunnPolice mellt e puer Accidenter ënner Alkoholafloss

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Samschdeg direkt e puer Mol missen intervenéieren, well Automobilisten ze déif an d'Glas gekuckt haten.

Géint 18.30 Auer gouf de Beamten eng alkoholiséiert Persoun gemellt, déi vun der Aire de Capellen fortgefuer ass. Mat Hëllef vun engem Zeie konnt d'Police de Mann stoppen a kontrolléieren. Beim Alkoholtest koum eraus, dass hien den erlaabten Héchstwäert däitlech iwwerschratt hat. Hie war de Permis nach op der Plaz lass.

E Samschdeg de Mëtteg hat et zu Esch/Uelzecht an der Rue Barbourg geknuppt. E Gefier mat 2 Persounen dran ass an den Aganksberäich vun engem Haus gerannt. Wéi d'Police op d'Plaz koum, war de Bäifuerer ageschlof an den Automobilist hätt sech, wéi et am Police Bulletin steet, net kooperativ gewisen. Hie wier alkoholiséiert gewiescht an dowéinst an d'Ausniichterungszell komm. De Mann gouf protokolléiert.

Zu Schieren koum et e Samschdeg den Owend géint 22 Auer zu engem Accident. Der Police gouf e Won gemellt, deen an e Bam gerannt war. Déi zwou Persounen, déi dra souzen, goufe liicht blesséiert. Si hunn awer refuséiert, mat der Ambulanz transportéiert ze ginn. D'Fra, déi den Accident verursaacht huet, war staark alkoholiséiert a krut dowéinst de Permis ewechgeholl.

E weideren Accident gouf et géint 1 Auer an der Nuecht zu Déifferdeng, wéi en alkoholiséierten Automobilist d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer hat a géint e geparkten Auto gerannt ass. Doduerch ass eng Kettereaktioun entstaanen, zwee aner Ween sinn un d'Rulle komm a goufe beschiedegt. Och hei gouf de Permis agezunn, well de Mann ze vill gedronk hat.

Back to Top
CIM LOGO