D'Serie geet weiderPolice mellt eng Partie Abréch uechtert d'Land

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend gouf zu Schraasseg beim Fuussebur an en Eefamilljenhaus agebrach.
© RTL Archiv

D'Abriecher hunn hannert dem Haus eng Dier opgebrach a sech sou Zougang zum Haus verschaaft. Et goufe Wäertgéigestänn matgoe gelooss.

An der Avenue Pasteur um Lampertsbierg koum et tëscht e Mëttwoch den Owend an en Donneschdeg de Moien 3 Auer zu engem Abroch an enger Bäckerei.

E weideren Déifstall gouf der Police zu Schieren gemellt. Hei gouf Aarbechtsmaterial an enger Firma geklaut.

D'Spueresécherung war an deenen 3 Fäll op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO