
An der Route de Holzem zu Mamer huet e Jugendlechen ënnert dem Virwand, Spende fir karitativ Organisatiounen ze sammelen, enger Persoun Suen aus dem Portmonni geklaut.
Am Kader vun der Sich nom Déif, huet eng Patrull e Jugendlechen ugetraff, deen op d’Beschreiwung gepasst huet. De presuméierten Täter koum doropshi fir eng weider Kontroll mat op de Büro.