No SaisiePolice sicht no Proprietäre vu geklauten Objeten

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no dem oder de Besëtzer vu Géigestänn, déi am Kader vun Ermëttlunge saiséiert goufen.
© Police

Konkreet geet et ëm e Luedgerät vun der Mark CTEK MXS5.0 (N°56305P37W3011783) mat Posch, fir se dran ze maachen. Weider gouf eng Powerbank vun “ABSA CAPE EPIC” mat der Opschrëft “RICHARD G” zesumme mat enger Poschett an zwee Chargeure souwéi ee portabelen DVD-Player saiséiert.

D’Proprietäre vun de Géigestänn solle sech bei der Police ënnert der Nummer (+352) 244 40 1000 oder per Mail op police.LUXEMBOURG@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO