Boergeld geklautPolice sicht no Zeien no brutalem Iwwerfall zu Nidderkuer

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch gouf e Mann op der Héicht vun der Spuerkeess an der Rue de l'école vun enger onbekannter Persoun iwwerfall.

Den Ugräifer huet dem Mann Boergeld geklaut a sech doropshi mat engem schwaarze Won duerch d'Bascht gemaach. D'Affer koum fir eng medezinesch Kontroll an d'Spidol.

All Informatioune si fir d'Police Déifferdeng ënnert der Nummer (+352)244 531000 oder per Mail op den police.differdange@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO