Am Laf vun en Dënschdegowend an an der Nuecht op e MëttwochPolice stoppt Auto no Farerflucht op der A6, eng Rei Chaufferen ënner Drogen- oder Alkoholafloss ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch gouf d'Lëtzebuerger Police vun hire franséische Kolleegen iwwert en Automobilist informéiert, dee virun enger Kontroll geflücht ass.
Symbolbild
© Laurent Weber

Hien hat sech mat franséische Policebeamten am Grenzgebitt eng Course-poursuite geliwwert, si hunn hien allerdéngs aus den Ae verluer. Den Auto konnt kuerz dorop vun der Lëtzebuerger Police op der A6 lokaliséiert a gestoppt ginn. Den Auto war op e puer Plaze beschiedegt an net assuréiert, ausserdeem hunn d’Beamte bei enger Kontroll verbuede Messere banne fonnt. Och en Drogentest beim Chauffer ass positiv verlaf. Hie gouf op Uerder vum Parquet protokolléiert, d’Gefier wéi och d’Messere si saiséiert ginn.

Am Laf vun en Dënschdegowend gouf et dann nach weider Fäll vun Automobilisten déi ënner Drogen- oder Alkoholafloss ënnerwee waren. Sou zum Beispill en alkoholiséierte Chauffer, dee géint 17.20 Auer an en Accident mat zwee Gefierer an der Rue Joseph Kieffer zu Esch verwéckelt war. Hei blouf et allerdéngs beim Materialschued.

Owes gouf vu Policebeamten an der Montée du Bridel zu Koplescht kontrolléiert, ob verschidde Chauffere berechtegt waren, an eng Strooss mat allgemengem Fuerverbuet eranzefueren. Bei engem kontrolléierten Automobilist gouf de Geroch vu Cannabis festgestallt, wéi och e positiven Drogentest. Och hie gouf protokolléiert, nodeems eng klenger Quantitéit un Droge bei him fonnt gouf.

Och bei enger Automobilistin an der Rue de la Frontière zu Veianen gouf géint 18 Auer eng kleng Quantitéit u Cannabis fonnt an en Drogentest gemaach, dee positiv verlaf ass. Dës Kontroll war am Kader vun der Campagne “Gutt gesinn” gemaach ginn.

An der Nuecht op e Mëttwoch géint 2.35 Auer dann en alkoholiséierte Chauffer um Boulevard Royal an der Uewerstad. Dëse war a Schlaangelinnen a Richtung Gare ënnerwee, gouf awer gestoppt a krut e provisorescht Fuerverbuet operluecht.

E weidere Permis gouf dann um 4.10 Auer an der Lonkecher Strooss zu Rodange agezunn, wou en Auto mat ze vill Vitess ënnerwee war a bei enger Tankstell stoe bliwwen ass. Souwuel Alkohol- wéi och Drogentest si positiv ausgefall an et konnten Droge séchergestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO