
Enn Mee wieren aacht presuméiert Heroindealer gepëtzt ginn. Fënnef Leit wieren hei am Land verhaft ginn, zwee an Holland an een a Frankräich. Ugangs dëser Woch wieren zwou weider Persounen zu Lëtzebuerg festgeholl ginn, déi ënner Verdacht stinn, den Heroin, dee se vun der Grupp kruten, verkaaft ze hunn. D’Verhaftunge géingen op eng méintelaang Enquête baséieren. Den Ustouss zu der Enquête koum 2021 no der Verhaftung vun zwee Drogendealer.
Well déi illegal Band och a Frankräich an an Holland, virun allem zu Rotterdam, aktiv war, huet déi lëtzebuergesch Police sech bei den Ermëttlungen och op d’Hëllef vun der franséischer an der hollännescher Police verlooss. Wärend den Ermëttlunge wier Heroin am zweestellege Kiloberäich an am Wäert vun iwwer enger Millioun Euro confisquéiert ginn.
E Mëttwoch huet d’Police zu Miersch op der Gare ausserdeem d’Zich vun Ettelbréck an aus dem Pafendall kontrolléiert. Wärend enger grouss ugeluechter Kontroll mat 25 Beamten an zwee Hënn déi bal Stonne gedauert huet goufe kleng Quantitéiten Heroin a Kokain, 63 Gramm Haschisch, 11,9 Gramm Marihuana, 2 Jointen, 78 Mephenon- a Bromazepam Pëllen, Drogenutensilien, en Handy an e Cutter saiséiert. Géint eelef Leit gouf Plainte gemaach.