Dat si 15% vun den Demandeuren, déi bei der Adem ageschriwwe sinn. Fir si ass et dacks net einfach um éischten Aarbechtsmaart, also ausserhalb vun enger Beschäftegungsmesure, ënnerzekommen. Mir waren op Besuch an engem Betrib, dee sech Inclusioun op de Fändel schreift an domadder gutt Erfarunge gemaach huet.
De Brian Schreiner huet eng Léierbehënnerung. Hie brauch e bësse méi laang fir seng Aarbecht. Zanter annerhallwem Joer schafft hien zu Bartreng an engem Baumaart an der Logistik. Mol am Rayon, mol hannenaus, “wann et mer ze vill gëtt mat de Clienten”, erkläert de jonke Mann. Dee fir d’éischt mol bei sengem Employeur am Stage war.
14 vun den 188 Mataarbechter an dësem Baumaart hunn eng Behënnerung oder sinn am Reclassement. Verantwortung iwwerhuelen an d’Inclusioun fërderen, ass der Direktioun wichteg. Bedeit awer eben och deels, d’Aarbecht un de Mataarbechter unzepassen, erkläert de Personalchef Sam Houblie. “Et si verschidde Leit, déi vläicht moies méi aktiv sinn, wéi owes. Dat muss een am Dialog mat de Leit klären.” Ausserdeem huet de Betrib e sougenannte Scoring opgestallt, wou fir all Rayon an all Aarbechtsplaz gekuckt gëtt, ob se kompatibel ass mat der Aschränkung vum Mataarbechter.
Nach Sensibiliséierung néideg fir Mentalitéiten ze änneren
Et wier nach Sensibiliséierungsaarbecht néideg. Dat ass d’Erfarung vum Jessica De Sa Correia vun der Adem. Si schafft am Service Employeurs an ass do zoustänneg, fir Betriber zesummen ze brénge mat Mënsche mat engem Handicap. Zum Beispill um sougenannten Duo Day. Awer och mat Stagen a finanziellen Hëllefen, souwuel vun der Adem, wéi vum Familljeministère sollen Entreprisen encouragéiert gi fir Betraffener anzestellen. D’Adem stellt souguer Inclusiounsassistenten zur Verfügung. E kuckt d’Ëmfeld, dem Patron seng Besoinen, dem Kandidat seng Besoinen fir de matching besser hinzekréien fir datt de Kandidat seng ganz Chancen huet fir do ze bleiwen”, erkläert d’Jessica De Sa Correia.
Astellungsopportunitéite fir den Handel
Eng Rei Entreprisen hätte sech nach guer net mat der Méiglechkeet auserneegesat, fir Mënsche mat engem Handicap anzestellen, mengt d’Carole Müller. D’’Presidentin vu Luxembourg Confederation gesäit hei awer eng Opportunitéit fir den Handel, wou jo vill Mataarbechter gesicht ginn. “A wou een haut mierkt: ma dat sinn awer Leit, déi ganz fidèle sinn den Entreprisen. An déi ganz grouss Capacitéiten hunn. Heiansdo si Saachen, déi se manner gutt kënnen, mee dofir kënne se aner Saache besser. Un eis, de Wee ze fannen, dass si mat eise Mataarbechter gutt zesummeschaffen.”
Fir op d’Méiglechkeeten an Opportunitéiten opmierksam ze maachen, hat d’Lëtzebuerger Federatioun vum Eenzelhandel viru kuerzem en Evenement mam Baumaart organiséiert. Dësen huet nämlech iwwer d’Jore ganz positiv Erfarunge gemaach. Employéeë mat enger Aschränkung wieren dacks vill méi engagéiert a géifen och manner feelen, fënnt de Sam Houblie. “Dat heescht, et ass och eng immens Wäertschätzung, wat déi Leit engem zréckginn. An dofir hu mer eis entscheet, de Wee ze goen a mir bereien et bis elo net.”