Provençale wiert sechPräisser vun Uebst a Geméis ënnert anerem wéinst Hamsterkeef eropgaangen

RTL Lëtzebuerg
Et zitt ee net Profit aus der aktueller Situatioun...

Mat dëse Wieder wiert sech de Liewensmëttel-Spezialist a Leidelenger Grossist Provençale, géint Reprochen, datt d'Entreprise Liewensmëttelpräisser an d'Luucht gesat hätt, grad an dësen Zäiten. Beim Poulet a beim Fësch ginn et de Moment keng Präishaussen, esou d'Provençale an engem Schreiwes. Déi ginn et zanter 2 Wochen net.

Wat d'Uebst an d'Geméis ugeet, esou géif et do eng Hausse vun de Präisser ginn, déi sech noutgedrongen duerch d'Situatioun ergëtt. D'Betriber am Süde vun Europa hätten net déi néideg Persoune fir ze recoltéieren. Donieft kënnt, datt Camionen, gefëllt erop an de Norde vun Europa fueren, mee do dann net méi gefëllt ginn, fir nees an déi südlech Länner ze fueren. Et wier och schwéier de Moment Camionneuren ze fannen, déi iwwerhaapt nach wéilte fueren, well si sech Gedanken ëm hir Gesondheet maachen. Op den Autobunne wieren d'sanitär Ariichtungen zum Beispill net méi fir d'Camionneuren accessibel. D'Offer vun Uebst a Geméis wier deemno erofgaangen, d'Demande duerch Hamsterkeef dogéint an d'Luucht gaangen. An dat huet seng Repercussiounen op d'Präisser.

Ma och d'Zoumaache vun der Restauratioun huet säin Impakt op d'Geschäft vun der Provençale. Dofir een Appell un d'Regierung: d'Betriber brauche Liquiditéiten.

D'Provençale geet dovunner aus, datt een am Betrib eng Perte vun enger Millioun Euro pro Woch wäert maachen, an do wieren d'Aide vum Staat, déi ee kéint kréien, schonn ofgerechent.

An der Provençale sinn am Ganzen 1.400 Persounen ugestallt.

Hei den offizielle Statement vun der Provencale!

Back to Top
CIM LOGO