TripartitesaccordPremier: Zwou Tripartitten an engem Joer beweisen aussergewéinlech Situatioun

RTL Lëtzebuerg
D'Gewerkschaften hirersäits weise sech zefridden mam "Solidaritéitspak 2.0", d'Patronat dogéint ënnerschreift dëse mat der Fauscht an der Täsch.
D'Signature vum Tripartite-Accord
De Solidaritéitspak 2.0 kascht de Staat 1,1 Milliarden Euro. En huet ënnert anerem als Zil, d’Inflatioun ze bremsen.

Zwou grouss Tripartitten an engem Joer, dat ënnersträicht déi aussergewéinlech d’Situatioun, an där mer sinn”, dat huet de Staatsminister Xavier Bettel a senger Regierungsdeklaratioun an der Chamber betount, nodeems d’Regierung, d’Patronat an d’Gewerkschaften am e Mëttwoch am fréien Nomëtten den Accord aus der Tripartite offiziell ënnerschriwwen hunn.

De Solidaritéitspak 2.0 kascht de Staat 1,1 Milliarden Euro. En huet als Zil, d’Inflatioun ze bremsen, de Stéit an de Betriber duerch spezifesch Moossnamen ze hëllefen an déi energetesch Transitioun ze favoriséieren.

PDF: D'Detailer zum Solidaritéitspak 2.0 opgelëscht

Back to Top
CIM LOGO