
Dat an der Géigend vun enger Betreiungsstruktur fir Toxikomanen an der Diddenuewener Strooss an der Stad. Op der Plaz konnten d’Polizisten de Mann an zwou weider verdächteg Persounen an der Géigend vun e puer Drogekonsumenten ermëttelen. Déi Dräi goufe fir déi weider Ermëttlunge mat op de Policebüro geholl. Hei konnten d’Beamte bei zwee vun hinnen Droge saiséieren. Insgesamt goufen 2 Tute mat Haschisch, eng Bull Kokain a weider 14,6 Gramm Haschisch séchergestallt.
Well keng vun de Persounen unhand vun Dokumenter noweise konnt, dass si legal hei am Land wier, goufen déi zoustänneg Sektioun vun der Police an déi zoustänneg Administratioun vum Ausseministère informéiert.
Den Haaptverdächtege gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Freideg virun den Untersuchungsriichter. Géint déi 2 aner Männer gouf eng Plainte deposéiert.