An der Nuecht op e MëttwochPresuméierten Täter no Abroch zu Hollerech gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Géint 3.30 Auer ass an der Nuecht op e Mëttwoch an der Route d'Esch zu Hollerech een Abroch gemellt ginn.
© Police Luxembourg

De presuméierten Abriecher konnt awer kuerz Zäit drop gepëtzt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an e koum e Mëttwoch an der Mëttegstonn virun den Untersuchungsriichter.

Der Police no gouf am Joer 2021 a ronn 1.150 bewunnten Haiser an Appartementer agebrach. Si roden dozou, Dieren a Fënsteren ëmmer zou ze maachen a wou et geet zouzespären an de Schlëssel net am Schlass hänken ze loossen. Wien an d’Vakanz fiert, ka sech iwwerdeems fir der Police hire gratis Service “Départ en vacances” umellen.

En Dënschdeg am Nomëtteg huet d’Police dann och nach e presuméierten Drogendealer festgeholl. Hien hat Boergeld am Wäert vun 1.000 Euro bei sech, eng klenger Quantitéit Marihuana an en Joint.

Back to Top
CIM LOGO