
Et goufe Prisongsstrofe vun tëscht 2 an 18 Joer gesprach. Déi 4 Verurteelt mussen donieft 7 Parties civiles vun am Ganze ronn 572.500 € bezuelen.
Fir d'éischt war viru bal 7 Joer de Patron vun enger Fiduciaire bei sech doheem zu Eech iwwerfall ginn. Doropshin haten déi zwee Haaptleit Bijoutieren an d'Firma an der Millebaach bestelle gelooss. Hinnen hate si virun allem wäertvoll Auere geklaut. Mat enger Geisel am Auto goung et zu gudder Lescht bis op Paräis.