EncevoProblemer no Hackerattack eréischt no zwee Méint geléist

RTL Lëtzebuerg
D’Hackerattack bei Encevo, dem Mammekonzern vun Enovos a Creos, Enn Juli, hat nawell méi e laangen Impakt op den Informatiounsfloss beim Energiekonzern.

Wéi Enovos hire Clienten elo matgedeelt huet, huet et zwee Méint, bis Enn September, gedauert, bis déi technesch Problemer geléist waren. Konkret hat Enovos wéinst der Hackerattack Problemer, fir d’Rechnungen opzestellen an d’Decompten ze maachen.

Den Hackergrupp BlackCat hat probéiert, Encevo ze erpressen, andeems se domadder gedreet hunn, fir déi geklaute Clientsdonnéeën ze publizéieren. De Betrib ass där Demande awer net nokomm. D’Donnéeë goufen effektiv antëscht am Darknet verëffentlecht.

D’Hacker hu privat Informatioune wéi d’Nimm vun de Clienten, hir Adressen, Telefonsnummeren a Bankdonnéeë geklaut. Déi Concernéiert goufen antëscht alleguerte perséinlech ugeschriwwen a kruten am Detail matgedeelt, wat vun hire sensibelen Date vun den Hacker saiséiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO