Et ginn och där, deenen hir Produite wéinst der Epidemie esou vill gefrot si wéi nach ni. Een dovunner ass den US-amerikanesche Chimie-Konzern DuPont. Zu Konter gëtt de sougenannten Tyvek-Stoff produzéiert, aus deem ënnert anerem medezinesch Schutz-Kostümer gemaach ginn. An der Reegel produzéiert d'Firma 200 Milliounen där Kostümer d'Joer. Wéi de Coronavirus ausgebrach ass, huet d'Demande sech a China awer an enger Woch verdrëssegfacht, an an 3 Woche verhonnertfacht, seet de Generaldirekter vun DuPont Paul Meyers:
"Engersäits fänke mer natierlech un, hei am Wierk zu Konter méi Produkter ze maachen, méi Rollen ze produzéieren, aus deenen duerno kënnen Tyvek-Overalle gemaach ginn. Mä et ass eng ganz Supply Chain, ganz Vertriibsketten, déi ee muss ëmstellen, an all déi Rollen, déi schonn an der Supply Chain waren, ginn elo ëmprogramméiert, déi gi geschéckt an déi Regiounen an der Welt, wou mer d'Overallen am meeschte brauchen, dat heescht, am Ufank war dat China an Asien an elo kënnt dann och de Schwéierpunkt lues, mä sécher méi an Europa."
D'Produktioun vum speziellen Tyvek-Stoff fir Schutz-Kostümer zu Konter leeft deemno den Ament op Héichtouren.
