Dëst weess och de Peter Dohmen, den NSPA-General-Manager vun der NATO-Agence:
"D'NSPA baut hei bei der Klinik vum CHL eng Capacitéit vun 100 Better. Ech hoffen, datt dat wierklech dozou bäidréit, fir mat den Effekter vum Coronavirus hei zu Lëtzebuerg ëmzegoen."
Den Ament géif et nach genuch Capacitéiten an de Lëtzebuerger Klinicken, sou d'Gesondheetsministesch. Hei geet et drëms, sech sou opzestellen, datt Zousazbetter disponibel sinn, fir de Fall wou.
"Eis Roll huet doranner bestanen, datt mer hei op der Plaz d'Reconnaissance gemaach hunn. Mir hunn den Design opgestallt - mir hunn den Transport preparéiert, e koordinéiert. An zesumme mat der Lëtzebuerger Arméi wäerte mir d'Struktur hei um Site opbauen. Duerno bleift eng kleng Ekipp fir d'Maintenance.", betount de Peter Dohmen.
15 Experte vun der NSPA, der Logistik-Agence vun der NATO, schaffen den Ament mat all de Lëtzebuerger Acteuren Hand an Hand zesummen: Vun der Cargolux, der Arméi, enger Privat Firma aus dem Bausecteur bis bei déi zoustänneg Ministèren.
"Normalerweis brauche mer 5 Deeg, fir sou eng Missioun op d'Been ze stellen. An dësem Fall war alles banne 24 Stonne prett. Ech sinn houfreg op meng Ekippen. Ech muss awer och ënnersträichen, an dat ass dat Wichtegst, datt dat Ganzt just gelongen ass, well vill Leit zesummegeschafft hunn. Net just d'NSPA, ma och d'Lëtzebuerger Autoritéiten.", huet den NSPA-General-Manager nach ënnerstrach.
E Beispill u Solidaritéit. En Zeechen, fir zesummen duerch d'Kris ze kommen.
