Bei enger Ënnerbriechung, wou d’Riichter sech fir Berodungen zréckgezunn hunn, huet de Maître Gaston Vogel musse medezinesch behandelt ginn. Hie war virum Prozess gefall, an hat sech de Fouss verstaucht. Well hien ze vill wéi hat a keen disponibel war, fir hien z’ersetzen, huet de Prozess musse fir de Recht vum Dag ausgesat ginn. Ob de Prozess e Mëttwoch de Moie weider geet, hänkt also vum Gesondheetszoustand vum Affekot of.
Direkt am Ufank hunn d’Affekote vun den Ugekloten a Fro gestallt, ob de Prozess dierft ofgehale ginn. Dat wéinst der Recevabilitéit vun der Prozedur. Besonnesch entsat huet d’Affekote vun de fréiere RTL-Journalisten, dass de Prozess schonn 2021 op der Strooss gefouert gi wier. Dat net just an der Press, mä virun allem och an zwee Bicher, déi d’Fra vum Enrico Lunghi deemools publizéiert hat. An engem vun 300 Säite wieren Informatiounen ze fanne gewiescht, déi eigentlech ënner Verschloss waren.
De Riichter huet awer betount, näischt vun deene Bicher ze wëssen, a se och net gelies ze hunn. De Maître Daniel Baulisch, den Affekot vum fréiere RTL Journalist Marc Thoma, huet awer gemengt, d’Tribunal kéint elo net méi onbefaange sinn, duerch dee ganzen “tapage médiatique”. De Procureur war awer anerer Meenung. Et géing jidderee grad déi Argumenter huelen, déi him géinge passen, well kee Loscht hätt, an der Affär an de Fong ze goen. “De Maître Baulisch ass enttäuscht, dass der onbefaange sidd, wëll der d’Buch net gelies hutt”, sou de Procureur zum virsëtzende Riichter.
E weidere Punkt, deen d’Affekote kritiséiert hunn ass, dass den Delai raisonnable iwwerschratt gi wier. Wat géing et bréngen, elo no iwwer 6 Joer nach eng Kéier Saachen op d’Tapéit ze bréngen, déi jidderee scho vergiess hätt? Een Argument, dat de Procureur awer domat kontert, dass den Internet haut net méi esou séier vergësst. Den Delai raisonnable wier net depasséiert ginn. Déi eenzeg Retarde wier et gi wéinst de Recours en cassation.
Den Enrico Lunghi huet sech als Partie civile constituéiert a fuerdert Schuedensersaz an Héicht vu Ronn 46.000 Euro. Dat wéinst Ruffschiedegung, finanziellem Ausfall a Kierperverletzung.
Ugeklot am Prozess sinn de fréiere RTL-Generaldirekter Alain Berwick, de Programmchef Steve Schmit, souwéi zwee fréier RTL-Journalisten de Marc Thoma an d’Sophie Schram. Hinne gëtt Calomnie, Diffamatioun an onfräiwëlleg Kierperverletzung wéinst “troubles psychiques” vum fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi reprochéiert.