Mord um Ana LopesProzess wäert den 10. Mäerz ufänken

RTL Lëtzebuerg
Déi jonk Fra vu Bouneweg war de 15. Januar 2017 verschwonnen. Een Dag dono gouf hir Läich an engem verbrannten Auto am franséische Grenzgebitt fonnt.
© Domingos Oliveira / RTL (Archiv)

De Mordprozess am Fall Ana Lopes wäert den 10. Mäerz dëst Joer ufänken, dat schreift d’Lëtzebuerger Wort.

Ugeklot ass den Ex-Frënd vun der jonker Fra, a Papp vun engem gemeinsame Kand, deen e puer Wochen nom Doud vun der Fra festgeholl gi war.

De Prozess wäert ënner strenge Sécherheetsmesuren oflafen, well de Beschëllegten a seng Famill bei engem anere Prozess zejoert scho ganz aggressiv viru Geriicht opgetruede waren.

RTL Artikel vum 23. Januar 2017: Läich vu Roussy le Village identifizéiert: Ana Lopes

Back to Top
CIM LOGO