Mord um Ana LopesProzess wéinst Coronavirus op onbestëmmten Zäit ausgesat

RTL Lëtzebuerg
Um Stater Geriicht hätt en Dënschdeg de Moien de Prozess ëm den Doud vum Ana Lopes am Januar 2017 a seng zweet Woch solle goen.
© Domingos Oliveira

Wéi d'Justiz e Méindeg matgedeelt huet, gëtt dëse Prozess awer op onbestëmmten Zäit ausgesat. De Grond dofir ass, dass - virum Hannergrond vum Coronavirus - nach ze vill Zeien an auslännesch Experten hätte misse gehéiert ginn.

Den Ex-Frënd vum Affer krut jo zanter e leschten Dënschdeg wéinst Mord de Prozess gemaach. No 4 vun den am Ganze 16 geplangte Sëtzungen ass awer elo mol Schluss.

Back to Top
CIM LOGO