
Ugeholl gouf e Gesetzesprojet, deen d'Mesuren, déi nom Etat de crise geholl goufen, bis Enn vum Joer verlängert. An deem Text gëtt ënner anerem definéiert, wéi Gemengeréit sollen ofgehalen ginn, wéi de Verwaltungsrot vum CGDIS beieneekënnt oder wéi an de Gemengen ëffentlech Informatiounsversammlungen am Kader vun PAG-Prozedure sollen organiséiert ginn.
Leit, déi sech wëllen déi nächst Méint op der Gemeng bestueden, solle wëssen, datt e Gesetzesprojet ugeholl gouf, dat et bis den 31. Dezember erlaabt, datt zivil Bestietnesser kënnen an aneren Säll ofgehalen ginn, wéi an der Märei selwer - dat am Fall, wou am Gemengenhaus d'Distanzreegelen net kënne respektéiert ginn.
