Ausseminister Asselborn am InterviewPutin "entweder vu Sënnen oder an d'Haut vun engem Diktator geklommen"

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie war den Ausseminister Jean Asselborn am Journal zu Gaascht op der Antenn an huet den neie Moment am Ukrain-Konflikt kommentéiert.

De russesche President Putin hätt mat der Invasioun vun der Ukrain “all Hemmungen ofgeluecht” a géing mat sengen Aktiounen d’Liewe vu Millioune Leit zerstéieren an de Risiko agoen, datt dausende Leit hiert Liewe verléieren.

De kompletten Interview mam Jean Asselborn

Op d’Fro nom “Firwat?” géing de Putin entgéignen, d’Ukrain misst demilitariséiert ginn. “Wat en awer wierklech am Kapp huet, ass kloer”, kommentéiert den LSAP-Minister. De Putin wéilt seng Weltuerdnung duerchsetzen a géing domat de Westen “terroriséieren”. D’Wäerter vun dëser Weltuerdnung hätten näischt méi mat der Rechtsstaatlechkeet oder de Wäerter vun der UNO ze dinn, esou de Jean Asselborn.

De russesche President Putin wier “entweder vu Sënnen, oder total an d’Haut vun engem Diktator geklommen, deen de Weltfridde mat Féiss rennt an all Respekt viru Mënsch verluer huet.”

De russesche President selwer nennt d’Invasioun vun der Ostukrain eng “Friddensmissioun an der Donbass-Regioun”. “Alles Quatsch”, esou de Jean Asselborn. Net nëmmen den Donbass, mee déi ganz Ukrain wier viséiert, esou de Minister. A ville Stied vun der Ukrain wiere scho Rakéiten ageschloen. Déi “eenzeg Hoffnung”, déi dem Ausseminister a villen anere Leit bleift, wier, datt de Putin vu senger eegener Populatioun gestoppt gëtt. Innepolitesch kéint den Ugrëff net gedroe ginn, an a Russland géif et fir eng Invasioun vun der Ukrain kee breeden, gesellschaftleche Konsens ginn.

De Jean Asselborn huet en Donneschdeg de Moien och ze bedenke ginn, datt eng weider onausgesprache Menace kéint am Raum stoen: De Putin hätt gedréit, datt wann anerer sech géingen amëschen an hie wéilte bremsen, datt d’Welt dann eng Reaktioun géing gesinn, wéi se se nach ni gesinn hätt. “Do dréit en da scho mat der Nuklearwaff”, esou de Jean Asselborn.

Den Ukrain-Konflikt an der Iwwersiicht: Russland an alliéiert Länner a rouden an orangen Téin, Nato-Länner am Bloen. D'Ukrain ass op der Kaart giel, déi vu Russland besate Krim ass giel a rout markéiert.
Den Ukrain-Konflikt an der Iwwersiicht: Russland an alliéiert Länner a rouden an orangen Téin, Nato-Länner am Bloen. D’Ukrain ass op der Kaart giel, déi vu Russland besate Krim ass giel a rout markéiert.
© RTL-Grafik

Datt och Militäraktiounen am Belarus, dat jo ënnert anerem u Polen, u Litauen an u Lettland grenzt, elo zesumme mat Russland koordinéiert ginn, géing de Leit an de betraffene Regiounen Angscht maachen. “Mir sinn hei dann direkt op der Limitt vun der europäescher Unioun”, esou de Jean Asselborn.

Mee wéi handlungsfäeg ass d’EU géint Russland iwwerhaapt? “Wat absolutt haut oder muer wäert kommen, ass, datt dee Sanktiounspak, vun deem gëschter een éischten Entworf op den Dësch koum, verschäerft gëtt”, sot de lëtzebuergeschen Ausseminister en Donneschdeg de Moien. Nach am Laf vum Dag kënnt jo de G7-Rot zesummen, vir sech iwwer d’Situatioun ze beroden. Wa Sanktiounen an der Welt géinge matgedroe ginn, wier dëst ee staarkt Drockmëttel op de Putin.

Sollt et esou wäit kommen, datt och ee Memberland vun der NATO géing ugegraff ginn, da wier d’Situatioun ganz kloer: “Wann et géint ee Member vun der NATO geet, da si mer jo am Artikel 5: Wann een ugegraff gëtt, da gëtt d’ganz NATO ugegraff.” Et wier eng Fro, wou ee sech géif hoffen, datt se sech net misst stellen. Fir elo misst ee virop un déi 40 Millioune Leit an der Ukrain denken.

Back to Top
CIM LOGO