De Belval wiisstQuartier Nord sou gutt wéi fäerdeg, am Quartier Süd gëtt fläisseg geschafft

Christophe Hochard
14 Joer sinn et elo hier, datt ugefaange gouf, de Wunn-Quartier Belval op de fréiere Frichë vun ArcelorMittal opzebauen.
Quartier Belval Nord a Süd
14 Joer sinn et elo hier, datt ugefaange gouf, de Wunn-Quartier Belval op de fréiere Frichë vun Arcelor Mittal opzebauen.

Wärend d'Aarbechten um Belval Nord bal ofgeschloss sinn, sinn déi am südlechen Deel voll am gaangen. An domadder wiisst och weider d'Populatioun vun der Gemeng Suessem an d'Erausfuerderunge fir d'Infrastrukturen.

De Belval wiisst / Reportage Christophe Hochard

Am Quartier Süd um Belval gëtt ablécklech äifreg geschafft. Op dëser Plaz entsteet een neie Schoulkomplex mam Numm "Kannercampus". 300 Schüler hunn am September hei hir Rentrée. Spéider wäerte bis zu 600 Kanner an dësem neie Gebai d'Schoulbänk drécken.

Am Hierscht 2018 hunn d'Aarbechte vum Quartier Belval/Süd ugefaangen. An engem Deel wäerte virun allem Eefamilljenhaiser entstoen.

120 Hektar grouss ass de Belval. De Quartier Nord ass fir säin Deel sou gutt ewéi fäerdeg gebaut.

"Wunnen, schaffen, léieren". All dëst ass an Zukunft um Belval méiglech. An der Gemeng Suessem, zu där och Bieles gehéiert, wunnen aktuell eng 17.500 Leit. Mat den neie Quartieren, déi entstinn, wiisst d'Populatioun hei ëm 5.000 Mënschen.

De Belval ass a Beweegung. Historesch Zäitzeien ewéi d'Héichiewe verbannen d'Zukunft duerch dës nei Quartieren, déi entstinn.

Back to Top
CIM LOGO