Stater GareRandaléierer ass déi lescht Nuecht am Arrest ënnerkomm

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch ass eng Persoun an engem Café an der Bouneweger Strooss op der Stater Gare gemellt ginn, déi eng Aner soll attackéiert hunn.

De Mann huet och virum Café randaléiert, wéi d’Beamte koumen. Hien huet d’Polizisten ëmmer nees menacéiert a beleidegt. Well hien d’Nuetsrou an och eng Gefor fir sech an aner Leit duergestallt huet, koum de Mann, fir nees niichter ze ginn, an den Arrest.

Back to Top
CIM LOGO