
Ee Petitionär fuerdert, dass d’Notariat misst integral reforméiert ginn, elo wou Lëtzebuerg immens gewuess ass, an et trotzdeem just 36 Notairen am Land ginn.
An eng weider Petitioun hätt gär méi streng Strofe fir Autoschaufferen, déi trotz Verbuet, awer weiderhin hannert dem Steier mam Handy um Ouer telefonéieren, oder fuere wa se gedronk hunn.
Abolition du notariat (2327)
Alkohol an Handy hannert dem Steierrad: Een No-Go. Empfindlech Geld- a Prisongsstrofen fir déi wou et einfach net leieren. (2361)
Ënnerschreiwe kann een op petitiounen.lu.