
„Den Tribunal administratif gesäit de Recours als justifizéiert un. En annuléiert dowéinst d'Refusdécisioun vum Buergermeeschter vun Hesper, wat d'Geneemegung fir de Bau vun enger Bensinsstatioun ugeet. D'Hesper Gemeng muss fir d'Fraisen opkommen“: Sou heescht et an engem Urteel vum Verwaltungsgeriicht am laange juristesche Sträit tëscht enger Société anonyme an der Gemeng vun Hesper.
Eng SA ass de Proprietär vun engem Terrain an der Rue des Scillas. Déi Parzell war am Dezember 2014 un déi concernéiert Société anonyme verlount ginn.
Déi hat am Juni 2015 eng 1. Demande eraginn, fir eng Bensinsstatioun op deem Terrain kënnen ze bauen, wat den Hesper Buergermeeschter refuséiert hat. D'Societéit hat am November 2015 fir d'zweet esou eng Demande gestallt. De Gemengerot vun Hesper hat doropshin decidéiert, ënner anerem déi betraffe Parzell mat enger Servitude ze beleeën, an den Inneminister déi Decisioun vum Gemengerot guttgeheescht. Am Februar 2017 hat den Tribunal administrativ dës zwou Decisiounen annuléiert. Dat Urteel war awer am Juni vun deem Joer vun der Cour administrative reforméiert ginn. Nodeems de Gemengerot entscheet hat, d'Servituden ëm e Joer ze verlängeren, an de Minister déi Decisioun approuvéiert hat, hat d'Societéit am Abrëll 2017 Recoursen dogéint ageluecht. Wouropshin den Tribunal administrativ am Juni 2018 béid Decisiounen annuléiert hat. D'Societéit hat de selwechte Mount en ageschriwwene Bréif mat enger neier Demande erageschéckt, de Gemengerot d'Parzellen awer nach emol mat Servitudë beluecht an de Minister déi Decisioun duerchgewonk. Am Dezember 2018 goung d'Societéit dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht.
Deem seng 1. Riichter halen an hirem Urteel fest, dass de Marc Lies net bannent 3 Méint op deen ageschriwwene Bréif geäntwert hätt, wat als implizitt Refus ze bezeechne wär. Fir d'Gemeng wär deen Njet op d'Servitude zréckzeféieren, op Grond vun där net dierft gebaut ginn, woubäi se eréischt wierksam wär 3 Deeg no der Publikatioun vun der entspriechender Decisioun. Well d'Servitude nach net a Kraaft gewiescht wär, wéi d'Refusdecisioun geholl gouf, a well d'Gemeng d'Existenz vun der Servitude als eenzegt Motiv fir hir Decisioun uginn hat, wär déi Entscheedung z'annuléieren. D'Societéit hätt iwwerdeems keng Indemnitéit de procédure vun 3.000 € zegutt.