
De René Schlechter gouf en Donneschdeg de Moien an der Chamber mat 42 Stëmmen zum neien Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher genannt. Hien iwwerhëlt domadder d'Relève vum Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand, deen hie bis elo och presidéiert huet.
Déi nei Institutioun gëtt direkt un d'Chamber rattachéiert.Dono sinn et d‘Debatten iwwert d’Regierungserklärung zu der Covid-Pandemie vun e Mëttwoch. Bis ewell hu sech schonns 11 Deputéiert op d’Riedner-Lëscht ageschriwwen. Vum Premier a vun der Santésministesch war et e Mëttwoch jo den Appell un d’Solidaritéit an d’Eegeresponsabilitéit vu jidderengem.