Invité vun der Redaktioun (13. Mee) - René WinkinPatronat a Gewerkschafte solle Positioune virun der Tripartite klären

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie war d'Tripartite Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: René Winkin
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Mir hu scho méi e kloert Bild kritt, mat den Zuele vum Statec an den Explikatioune vum Energiekommissär. Et ass wichteg, datt mer de Constat gutt kennen an idealerweis deelen, dat sot de René Winkin e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview, no der Preparatiounsronn den Dag virdrun zu dräi.

De René Winkin ass den Interim-Coordinateur vun der UEL. De Constat vun der Situatioun, déi duerch den Iran-Krich ausgeléist gëtt, géif u sech vu Gewerkschaften a Patronat gedeelt ginn. Jiddereen hätt natierlech seng Vue a wär a sengem Rôle. Et wär och kloer, datt d'Wirtschaft dat Soziaalt beaflosst an ëmgedréit.

En Dënschdeg goufen déi méiglech Zenarie vun den Auswierkunge vum Krich am Iran presentéiert. Et ass jo net kloer, wéi laang d'Blockad vun der Strooss vun Hormus nach dauert an deemno kéinte Pëtrol- a Gas-Präisser an d'Inflatioun nach ferm klammen. Am schlëmmste Fall wieren 3 Indextranchë bis de September d'nächst Joer méiglech.

Well den Zäitplang vum "worst case", mat héijer Inflatioun, zimmlech kuerz ass, misst een elo schonn Zenarien ausschaffen, huet de René Winkin erkläert. De Spillraum wier bei de Staatsfinanzen net immens grouss, mä e wier do.

Den UEL-Interim-Coordinateur plädéiert och derfir, datt sech d'Patronat mat de Gewerkschaften an den nächsten 3 Woche virun der eigentlecher Tripartite sollt gesinn, fir datt een deem anere seng Fuerderungen a Propositioune kennt. Fir ze verstoen, wou gemeinsam Piste sinn, an datt ee beschtméiglech preparéiert an d'Tripartite geet, déi fir den 2. an 3. Juni ugesat ass.

U sech soll d'Tripartite jo iwwer de Krich an déi méiglech Auswierkungen handelen. Mä wat ass mat anere Sujeten, wéi zum Beispill dem Logement? De Logement wär ganz wichteg, gëtt de René Winkin zou. Mä d'Fro wär, ob all Sujet, dee wichteg ass, misst an der Tripartite diskutéiert ginn. Beim Mindestloun wier u sech schonn eng Decisioun geholl ginn.

Als Patrone wéilt ee ganz kloer e Resultat um Enn kréien, wat dem Land an de Leit hëlleft.

Invité vun der Redaktioun: René Winkin

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.


Back to Top
CIM LOGO