Falls de Krich am Iran méi laang dauert an d’Mieresstrooss vun Hormus bis September zoubleift, riskéiert et eng Rezessioun ze ginn, mee och bis September d’nächst Joer 3 Indextranchen. Dat sinn e puer vun den Donnéeën, déi de Statec en Dënschdeg op der Tripartite präsentéiert huet. D’Regierung hat eng ganz Rei Vertrieder vun de Gerwerkschaften a vum Patronat agelueden, fir op der éischter Reunioun mol en Etat des lieux ze maachen.
Et ginn zwee Zenarien: A) de Krich am Iran hält dëse Mount nach op. B) en dauert nach bis September. Fir de President vun der Unioun vun den Entreprisë wier den zweeten natierlech dee méi realisteschen. An deem Fall kéint no der Indextranche vu Juni schonn am September eng weider Tranche erfalen an am September d’Joer drop nach eng. Do wier een "e bësselchen erféiert"*, esou de Michel Reckinger, dee sech Mesuren erwaart, fir den Impakt vun der Inflatioun "ofzefiederen".
De Premier huet par rapport zur héijer Inflatioun just nach emol garantéiert, datt den Index a Stee gemeesselt ass. Woubäi hien op Nofro hin net wollt soen, ob déi Ausso e Verréckele vun enger Tranche oder Kompensatiounsmesurë géing ausschléissen. Op d’Fro, ob d’Zil vun der Tripartite awer och wier, d’Inflatioun ze bremsen, sot hien "Nee". Den Objet wier, ze "kucken, wat d’Konsequenzen dovunner op d’Leit a Betriber sinn". Nom Ukrain-Krich goufen awer Mesurë geholl, fir d’Hausse vun den Energiepräisser ze bremsen. Heizou sot de Luc Frieden: "Ech war 2022 net an der Politik, dofir hunn ech gesot, op wat mir eis elo konzentréieren".
Déi aktuell Energiekris dierf een net isoléiert gesinn, esou iwwerdeems de President vum LCGB Patrick Dury. Hien huet op déi konsekutiv Krisen déi lescht Joren higewisen, mee och de Manktem u Wunnengen an de Chômage, déi net just d’Leit géinge betreffen, mee elo och d’Fonctionement vun der Ekonomie. Hien, mee och d’Presidentin vum OGBL Nora Back, soten, et kéint een elo nach net vu Resultat schwätzen oder Accord. De Premier sot och sengersäits, datt jo elo mol 3 Wochen Zäit sinn, fir d’Zuelen ze verdauen a bis dohinner Proposen ze maachen, fir op d’Kris ze reagéieren.
Zuelen iwwert d’Kafkraaft oder d’Staatsfinanze goufen et keng neier. Ma misst een déi net hunn, fir e komplett Bild ze hunn a Mesuren ze präparéieren? De Luc Frieden huet geäntwert: "Ech fannen, datt mir haut scho ganz vill Informatiounen, Chifferen, kritt hunn." De Statec géing awer nach op Demande vun de Sozialpartner äntweren. D’Nora Back huet iwweregens nach gesot, e Sträitpunkt mam Statec wier nach net diskutéiert ginn an zwar déi nei Methodologie, duerch déi de Revenu Median gefall ass an domadder och d’Referenz, fir de Mindestloun ze berechnen.
D’Energieversuergung, mee och déi vun Dünger si fir de Premier och den anere Fokus vun der Tripartite. Interessant aus der Presentatioun vum Energie-Kommissär si Saachen, déi u sech evident sinn: a Punkto Pëtrol huet Lëtzebuerg keng eege Produktioun oder Raffinerie, importéiert zu 100% fäerdeg Produiten, zur Hallschent aus der Belsch a gréisstendeels iwwert d’Strooss. Beim Gas ass Lëtzebuerg zu 90% vun Importer ofhängeg. D’Pëtrolsproduite maache 60% vum gesamten Energievebrauch aus.
D’Präisser op der Pompel sinn awer méi niddreg ewéi an all eisen Nopeschlänner an ewéi d’EU-Moyenne. De Staat mécht also scho vill, fir niddreg Präisser ze hunn. Besonnesch beim Stroum gesäit een dat gutt: ouni d’Participatioun un de Reseauskäschte wier en e gutt Stéck méi deier fir d’Leit an d’Betriber.
No der Reunioun vun en Dënschdeg sinn dräi Woche Paus bis déi nächst Reunioun vun der Tripartite. Bis dohinner kënnen dann all d'Säite Mesurë proposéieren.
D'Zuele vum Statec an den Etat des lieux vum Energieministère fannt Dir um Site vum Staatsministère.