D'Unien am VerglachRentrée Uni Bréissel an enger Woch, zu Köln ass et de 4. November

Tim Morizet
D'Wantersemester op den Unie steet virun der Dier. E Freideg heescht et "Welcome" op der Uni Lëtzebuerg.
Rentrée vun der Uni
Nieft de Schüler am Fundamentale a Secondaire ass et Enn der Woch d'Rentrée fir Studenten op der Uni Lëtzebuerg.

D'Studente vun der Uni Bréissel a Köln musse sech do awer nach e bësse gedëllegen. Nieft den Daten variéiert och den Encadrement wärend Corona-Zäiten.

Iwwert d'Wantersemester op d'mannst emol sinn zu Lëtzebuerg just kleng Klassen op de verschiddene Campussen zougelooss. 10, 20, a grousse Säll sinn et och emol 40 Studenten, déi an engem Raum dierfe setzen.

Geet et doriwwer eraus, gëtt de Cour online gehalen, oder am Rotatiouns-System mat enger physescher Presence vun engem Drëttel vun der Klass. Dat bis maximal 40 Studenten.

Eriwwer op Bréissel: Op der ULB, mat Rentrée de 14. September, gi Ronn 80% vun de Coure mat physescher Presenz geplangt. D'Nathalie Vaeck, Vize-Directrice vun der Universitéit:

Mir hunn eng maximal Occupatioun vu 50% vun eisen Auditoiren a Klassesäll, déi erlaabt ass. Esou kënne mer garantéieren, datt e Groussdeel vun de Léier-Exercicer, ewéi Laboratoiren, Seminären, Praktesch Aarbechten, an aner Projete kënnen a Presence vum Student gehale ginn.“

Och zu Bréissel goufen en Deel vun de Säll nei equipéiert fir d'Studien iwwer Video-Format kënnen ze garantéieren.

Op der Universität zu Köln gëllt de Prinzip vum 6-fache Lëfte pro Cour. Um Hygiènes-Konzept géing nach geschafft – de Fokus läit fir d'Wantersemester awer prinzipiell um digitale Cours-Material. An de méi grousse Säll soll awer net méi ewéi 50 Studenten eran. Hei ginn et Prioritéiten. D'Pro-Rektorin Prof. Beatrix Busse:

Mir hunn do scho Reegelungen, déi verschiddene Leit fir d'physesch Presenz solle prioriséieren. Virun allem Leit am éischten an zweete Semester. Leit, déi viru Prüfunge stinn. Vläicht och Master-Studenten, déi um Schluss vun hirem Studium ukomm sinn an déi mer nach gutt op de Wee brénge wëllen.“

D'Rentrée zu Köln gouf iwwregens op de 4. November geréckelt.

Eppes hunn allen 3 Unien sech awer gemeinsam: De Mask am Cours ass obligatoresch.

Back to Top
CIM LOGO