14 Lëtzebuerger ware MemberReserve-Police-Battalion 101 um Holocaust bedeelegt

Pierre Weimerskirch
En Donneschdegowend war am Resistenzmusée zu Esch eng Table Ronde mat Historiker zum Thema "Reserve-Police-Battalion 101".
Reserve-Police-Battalion 101 war um Holocaust bedeelegt
En Donneschdegowend war am Resistenzmusée zu Esch eng Table Ronde mat Historiker zum Thema "Reserve-Police-Battalion 101". 14 Lëtzebuerger waren hei Member.

14 Lëtzebuerger ware Member an deem Battalion, deen am zweete Weltkrich aktiv um Holocaust bedeelegt war.

Eng Foto aus dem Archive vum Historiker Paul Dostert weist déi 14 Lëtzebuerger aus dem Reserve-Police-Battalion 101, den 21. Juni 1942 zu Hamburg. Den Dag drop kënnt de Battalion a Polen un.

© Paul Dostert

Iwwert dës Lëtzebuerger ass en Donneschdeg am Resistenzmusée 2 Stonne laang diskutéiert ginn. Wéi ass et dozou komm, datt se an deem Battalion gelant sinn? De Constat war, datt de groussen Deel vun de fréiere Membere vun der Lëtzebuerger Fräiwëllege Kompanie resistéiert huet. Déi aner hätten ëmmer nees iwwert d'Joren d'Méiglechkeet gehat, sech zréckzezéien.

De Mil Lorang recherchéiert den Ament nach aktiv iwwert de Reserve-Police-Battalion 101 an do besonnesch d'Roll vun de 14 Lëtzebuerger. Esou huet hien ënnert anerem erausfonnt, datt d'Lëtzebuerger a relativ kuerzer Zäit am Grad geklomme sinn. Een Zeechen, datt se aktiv bedeelegt waren, an éischter eng aktiv Roll gespillt hunn. Nom Krich, zréck zu Lëtzebuerg, hätten dës Leit Karriär gemaach. Och no den 2 Stonnen Diskussioun ware sech d'Historiker an engem eens, et bleiwen nach vill Saachen ze recherchéieren.

© Paul Dostert

Back to Top
CIM LOGO