Fir wärend der Pandemie ze hëllefen, huet d'Regierung e Méindeg de Mëtteg am Ganzen 30 Ausschreiwungen op GovJobs.lu verëffentlecht.
Déijéineg, déi zu Lëtzebuerg an engem Gesondheetsberuff schaffen oder schaffen däerfen, musse sech bis en Dënschdeg um Mëtternuecht an d'sanitär Reserve aschreiwen, fir am Noutfall an der Lutte géint de Coronavirus ze hëllefen.
NET aschreiwe musse sech zum Beispill déi, déi fir e Fleegebetrib oder e Foyer schaffen, awer och Leit déi den Invalidestatut hunn, Laangzäit am Krankeschäin sinn, e Statut vum "Travailleur handicapé" hunn oder am Congé de maternité sinn.
Concernéiert sinn awer ënnert anerem Enseignanten an der Infirmièresschoul, Schoulmedeziner, Kinéen, Dieteticienen, awer och Veterinären.
Leit, déi zanter manner wéi 5 Joer an der Pensioun sinn, an der Prepensioun sinn, am Congé parental oder am Congé sans solde musse sech mellen.
Och d'Studente musse sech aschreiwen, an zwar jiddereen, deen den Ament zu Lëtzebuerg oder am Ausland mat engem Medezin-, Zännmedezin- oder Apdikterstudium oder enger Formatioun fir e Gesondheetsberuff am Gaangen ass a méi wéi 18 Joer huet.
Sech mam COVID-19 ugestach ze hunn schléisst een net vun dëser obligatorescher Aschreiwung aus, do géif vu Fall zu Fall gekuckt ginn, wie vun der Reserv aktivéiert gëtt.
Iwwerdeems ginn iwwer 12 Ausschreiwunge Volontaire gesicht, ënnert anerem Botzpersonal an Educateuren, esou wéi Leit déi den Tri an den Accueil an de sougenannte Centres de Soins avancés maache kennen.