MeteoluxRisk vun Donnerwiederen a plazeweis vill Reen

RTL Lëtzebuerg
Vun en Donneschdeg 18 Auer bis an d'Nuecht era géint 3 Auer gëllt fir ganz Lëtzebuerg eng Alerte jaune. Dat huet den nationale Wiederdéngscht matgedeelt.
Hei gesäit ee wéi d'Wiederfront géint 22 Auer aus Frankräich eriwwer a Richtung Déifferdeng/Esch gezunn ass.
Hei gesäit ee wéi d’Wiederfront géint 22 Auer aus Frankräich eriwwer a Richtung Déifferdeng/Esch gezunn ass.
© RTL Mobile Reporter / Jérôme Laschette

Et muss een also mat Donnerwiedere rechnen, bei deenen da bis zu 25 Liter Reen op de Metercarré kënne falen. Och kleng Knëppelsteng sinn net ausgeschloss, dat ganzt bei Wandvitesse vu bis zu 70 Stonnekilometer.

Dem Wiederradar no, dierft et wuel haaptsächlech tëscht 21 an 22 Auer ongemittlech ginn. Kachelmannwetter geet dovun aus, dass plazeweis och Wandspëtzte vu bis zu 100 Stonnekilometer méiglech sinn.

Aus der Regioun Déifferdeng / Esch krute mer géint 22 Auer Fotoe geschéckt, wou een d’Wiederfront gesäit, wéi se aus Frankräich eriwwer an de Grand-Duché zitt.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?

Back to Top
CIM LOGO