No Héichwaasser-KatastrophRonn 32.000 Euro Subventioune goufe bis ewell ausbezuelt

RTL Lëtzebuerg
Zënter Juli zejoert huet de Waasserfong sech mat méi ewéi méi wéi 6 Milliounen Euro engagéiert, fir Moossname géint Héichwaasser ze ënnerstëtzen.

Gutt 32.000 Euro si schonn ausbezuelt ginn. 48 Demandë goufen eragereecht, vun deenen der bis ewell 15 traitéiert goufen. 24 Demandë koume vu Privatleit, déi aner vu Gemengen.

Ënner anerem hu Gemenge Support gefrot fir d’Ëmsetzung vu Schutzkonzepter géint Héichwaasser a staarke Reen. Dat äntwert d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Max Hahn.

PDF: Äntwert vum Carole Dieschbourg op parl. Fro vum Max Hahn a Carole Hartmann

Back to Top
CIM LOGO