PoliceRonn 70 Asätz wéinst Stéierunge vun der Nuetsrou an eng 50 Asätz wéinst Gestreits a Kläppereien
Haaptsächlech gemellt goufen ze haart Musek, Sträit tëscht Noperen, Knupperten souwéi Verstéiss géint d’Freedefeierverbuet
An der Nuecht vum Silvester op den 1. Januar hat d’Police landeswäit ronn 70 Asätz wéinst Nuetsrousstéierungen. An de meeschte Fäll konnt d’Situatioun berouegt ginn. An e puer Fäll waren d’Persounen awer net méi ze berouegen a goufen an de Passagearrest bruecht.
Ënner anerem:
- An der Stad huet eng alkoholiséiert Persoun an engem Café fir Onrou gesuergt an huet sech geweigert ze bezuelen. Wéinst aggressivem Verhalen an ëffentlecher Stéierung gouf si festgeholl.
- Zu Kielen huet eng staark alkoholiséiert Persoun an engem Haus randaléiert a gouf wéinst Gefor fir sech selwer an aner Persounen an den Arrest bruecht.
- Zu Hollerech huet eng alkoholiséiert Persoun de Passage vun engem Bistro blockéiert an d’Sécherheetspersonal beleidegt. Och si gouf no enger medezinescher Kontroll an de Passagearrest bruecht.