ËNNERTITELE JOURNALRTL sicht Iwwersetzer

RTL Lëtzebuerg
Fir eis Ekipp ze verstäerken, siche mir fir direkt Freelance Iwwersetzer (M/F), déi zweesproocheg am Lëtzebuergeschen a Franséische sinn.

Fir déi franséisch Ënnertitele vum Journal op RTL Télé Lëtzebuerg a fir eise franséischen Internetsite RTL 5minutes.lu, siche mir Freelance-Iwwersetzer, déi souwuel am Lëtzebuergesche wéi am Franséischen doheem sinn.

  • Dir beherrscht perfekt déi Lëtzebuerger an déi franséisch Sprooch
  • Dir hutt ee gutt Allgemengwëssen a sidd un der Aktualitéit interesséiert
  • Dir sidd stress-resistent, flexibel, dynamesch a kënnt séier a konzentréiert schaffen?

Wann Dir Iech an dëser Beschreiwung erëmfannt, da mellt Iech bei eis!
Mailt eis Ären CV w.e.g. mat Foto, Adress an Telefonsnummer souwéi engem Motivatiounsbréif (op Lëtzebuergesch oder Franséisch) op kandidatur@rtl.lu

Back to Top
CIM LOGO