
De CGDIS mellt zwee Blesséierter bei engem Feier en Dënschdeg den Owend géint 19.30 Auer op der Simmerschmelz. Op engem Camping hunn en Auto an eng Rulott gebrannt. Wéi d’Police matdeelt, wier eng Gasexplosioun den Ausléiser vum Brand gewiescht. Wéi dëst geschitt ass, ware grad zwou Persounen an der Rulott, déi sech béid nach aus eegener Kraaft rette konnten, ier d’Rulott komplett a Flame stoung. Aner Leit, déi um Camping waren, sinn de Blesséierten direkt zur Hëllef komm. Béid goufen op der Plaz vum Noutdokter behandelt, ier si an d’Spidol koumen. Wärend dem Asaz vun de Rettungsekippen huet den CR104 op der Héicht vun der Simmerschmelz misste gespaart ginn, dat fir ronn eng Stonn. Fir de Grond vum Feier am Detail ze klären, gouf de Miess- an Erkennungsdéngscht beoptraagt.
An op der ArelerAutobunn ass an der Nuecht op e Mëttwoch tëscht Capellen an dem Briddel en Auto an d’Leitplanke gerannt. Dobäi gouf eng Persoun verwonnt. Da mellt d’Police nach, datt géint 17 Auer e Motocyclist tëscht Alzeng a Siren gefall war, nodeem hien an enger Kéier d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer hat. De Chauffer gouf dobäi um Bee blesséiert a koum an d’Spidol. Tëscht Hiefenech a Guedber war géint 9.30 Auer en Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf hei blesséiert.
Da goufen nach zwee Permisen agezunn, dat eng Kéier géint Hallefnuecht op der A4 bei Féiz. Hei war en alkoholiséierten Automobilist an en Accident verwéckelt, et blouf awer beim Materialschued. Géint 1 Auer war de Beamte bei Conter dann e Chauffer duerch seng Fuerweis opgefall. Och hei war den Alkoholpeegel däitlech ze héich an de Permis war fort.
Da gouf et en Tëschefall op enger Pompelstatioun zu Réimech en Dënschdeg de Mëtteg, wou d’Police geruff gouf, wéinst Problemer mat enger Cliente. Wéi d’Beamte d’Fra kontrolléiert hunn, koum eraus, datt si kee Permis hat, obwuel si mam Auto op d’Plaz koum. Donieft war hire Won net richteg ugemellt. De Parquet huet d’Gefier saiséiere gelooss an e Protokoll géint d’Fra ausgestallt.
Zu Bouneweg bei der Place Leon XIII gouf e Vëlosfuerer vun engem Auto ugestouss a blesséiert. D’Rettungsdéngschter aus der Stad waren op der Plaz.