
Mir hate kierzlech am Magazin e Reportage iwwer d’Medikament Ozempic mam Beispill vun enger Fra, déi eng Insulin-Resistenz huet, duerch déi een dacks zouhëlt. Hir huet de Wierkstoff vill gehollef, si muss d’Behandlung awer aus eegener Täsch bezuelen. Bis ewell gëtt d’Medikament hei am Land jo just fir Patiente mat Typ-2-Diabetes rembourséiert.
Well d’Weltgesondheetsorganisatioun awer zanter Ufank Dezember d’Behandele vun iwwergewiichtege Patiente mat Ozempic-änleche Medikamenter recommandéiert, hu mir beim Lëtzebuerger Gesondheetsministère nogefrot, ob dru geduecht gëtt, eng Prise en Charge vun der Gesondheetskeess och fir Leit mat staarkem Iwwergewiicht anzeféieren .
Ënner wéi eng Conditiounen gëtt Ozempic de Moment zu Lëtzebuerg verschriwwen?
“Fir d’éischt sief drun erënnert, datt aktuell dräi Medikamenter mam Wierkstoff Semaglutid zu Lëtzebuerg um Maart sinn, an zwar Ozempic® Sprëtzen, Rybelsus® Tabletten a Wegovy® Sprëtzen. Dës Produite ginn alleguer vun der selwechter pharmazeutescher Firma hiergestallt.
Laut der offizieller Europäescher Geneemegung, déi och fir Lëtzebuerg gëllt, ass Ozempic® a Rybelsus® nëmme fir d’Behandlung vu Patiente mat Typ-2 Diabetes zougelooss a deementspriechend ginn dës zwee Produiten och just an dëser Indikatioun vun der Gesondheetskeess iwwerholl. Eng Zäit läng war den Ozempic® schwéier ze kréien, well e vill an der Obesitéit opgeschriwwe gouf, woufir e wéi gesot kéng Geneemegung huet. Aus dësem Grond huet d’Direktioun vun der Santé missen agräife fir dofir ze suergen, dass d’Diabetiker hir Behandlung net hu missten ënnerbriechen.
Och wann de Reglement vun der Direktioun vun der Santé opgehuewe gouf ass et weiderhin esou, datt den Ozempic® an de Rybelsus® nëmmen da vun der Gesondheetskeess bezuelt ginn, wann den Dokter um Rezept bescheinegt, datt de Patient en Typ-2-Diabetes huet.
De Wegovy®, dee speziell fir d’Behandlung vum Iwwergewiicht zougelooss ass, gëtt aktuell net vun der Gesondheetskeess bezuelt, ënner anerem, wëll déi zoustänneg Firma kéng Demande dofir agereecht huet.
Ab dem 1. Februar gëtt e weidert Medikament aus dësem Grupp rembourséiert, nämlech de Mounjaro® (tirzepatid). Dëse gëtt, op mannst an enger éischter Phase, nëmme bezuelt bei Diabetiker, deenen hir Bluttzocker-Wäerter iwwer länger Zäit schlecht sinn trotz enger optimaler Behandlung mat engem GLP1 Medikament wéi dem Ozempic®. D’Remboursement vun dem Medikament Mounjaro® ass op Basis vun engem Titre de prise en charge, dee vun der Gesondheetskeess no Geneemegung vum Contrôle médical de la sécurité sociale ausgestallt gëtt.”
Gëtt et Chifferen iwwer d’Zuel vu Patienten, déi et verschriwwe kréien?
Hei drënner fannt dir déi gefroten Informatioune fir Medikamenter Ozempic a Rybelsus.
Dës Zuele bezeien sech op d’Assuréë vun der Lëtzebuerger Krankeversécherung déi mat enger Ordonnance fir “Semaglutides (ATC A10BJ06)” an eng ëffentlech Apdikt zu Lëtzebuerg gaangen si fir déi respektiv Medikamenter ze kafen an déi da vun der Krankeversécherung iwwerholl goufen.
Medikamenter, déi zwar op enger Ordonnance stinn, mee net vun der Krankeversécherung iwwerholl gi sinn, sinn an dësen Zuelen net dran. Wann een Assuré e puer mol mat der selwechter Ordonnance (Kopie) an eng Apdikt gaangen ass, dann zielt dës als eng eenzel Ordonnance. All Assuré gëtt emol gezielt pro Ënnerdeelung, soudass eng Persoun déi eng Ordonnance fir Ozempic a Rybelsus aléist a béide Kategorien zeréck ze fannen ass, am Total dogéint just emol. Wegovy gehéiert net zu de Medikamenter déi vun der Krankeversécherung iwwerholl ginn an ass dohier net an dësen Donnéeën.
Donnéeën erlaben et net unzeginn, iwwert wéi een Zäitraum déi respektiv Medikamenter verschriwwe goufen an Donnéeë vum Joer 2025 sinn nach net definitiv.
| | Unzuel un Assuréen | Unzuel un Ordonnancen | ||||||||||||
| Joer | 2019 | 2020 | 2021 | 2022 | 2023 | 2024 | 2025 | 2019 | 2020 | 2021 | 2022 | 2023 | 2024 | 2025 |
| Ozempic | 2 175 | 3 418 | 4 879 | 6 484 | 7 702 | 7 216 | 8 918 | 4 113 | 11 018 | 15 089 | 20 155 | 23 330 | 22 174 | 26 223 |
| Rybelsus | | | 678 | 1 547 | 2 727 | 5 867 | 5 489 | | | 1 233 | 3 263 | 5 835 | 13 031 | 13 702 |
| Total | 2 175 | 3 418 | 5 456 | 7 706 | 9 626 | 13 084 | 4 113 | 11 018 | 16 320 | 23 362 | 29 016 | 34 651 | 39 636 | |
Ufank Dezember huet d’Weltgesondheetsorganisatioun d’Recommandatioun eraus ginn dass d’Medikament och kann zougelooss ginn fir Patienten, déi wëllen ofhuelen. Ännert sech lo Eppes un de Recommandatiounen vun der Lëtzebuerger Santé?
“D’WHO huet effektiv viru Kuerzem eng ‘konditionnel’ Recommandatioun mat “moderater Beweiskraaft” erausgi fir de Gebrauch vun de sougenannte GLP-1 Therapien, zu deenen och de Semaglutid gehéiert, an der Obesitéit. Dës Recommandatioune gëllen natierlech nëmme fir déi Produiten, déi offiziell dofir zougelooss sinn. Et geet och kloer aus deem Dokument ervir, datt déi betreffend Medikamenter ëmmer mussen am Kader vun enger ganzheetlecher Behandlung, déi notamment och kierperlech Beweegung an d’Ännerung vun den Iessgewunnechte betrëfft, verschriwwe ginn. Ausserdeem muss all Land selwer analyséieren, wéi se déi Medikamenter kënnen a wëllen an hirem Gesondheetssystem integréieren, entspriechend hire medezineschen, organisatoreschen an ekonomesche Moyenen. Et gëtt och drun erënnert, dat d’Risiken a Niewewierkungen op d’laang Zäit nach net genuch erfuerscht sinn. Et muss ee jo bedenken, datt een déi Medikamenter no aktuellem Wëssensstand e Liewe laang muss huelen, well se kéng bleiwend Wierkung hunn.
D’Lëtzebuerger Autoritéite wäerten d’Evolutioun vun de Kenntnisser an dësem Beräich genee verfollegen an analyséieren, wéi eng eventuell Prise en charge vun deene Medikamenter zu Lëtzebuerg kéint ausgesinn.”
Ginn et nach Enkpäss bei der Liwwerung?
“An Europa, an och dans une moindre mesure zu Lëtzebuerg, schéngt d’Kris vun der Penurie vu GLP-1 Agonisten, besonnesch vum Semaglutid (Ozempic®), hannert eis ze leien. D’gemeinsam Efforte vun den Autoritéiten an den Hiersteller hu gehollef, d’Produktiounskapazitéiten ze erhéijen. Gläichzäiteg sinn aner Behandlungen op Basis vu GLP-1 Agonisten no an no verfügbar ginn, wat d’therapeutesch Offer diversifizéiert huet. Allerdéngs kënne vereenzelt Rupturen oder lokal Zougangsschwieregkeeten net ganz ausgeschloss ginn.”