natur&ëmweltSchielmees op éischter Plaz bei der Wantervullenzielung 2020
Trotz Reen, Niwwel a Keelt hunn dëst Joer ronn 700 Fräiwëlleger bei der Wantervullenzielung matgemaach.
Verëffentlecht: 18.03.20 13:51, Update: 10.12.25 14:47
Am grousse Ganze goufen 22.585 Villercher a 637 ënnerschiddleche Gäert gemellt. Am heefegste gezielt goufe Schielmeesen (Dt. "Kohlmeise"), 36 ënnerschiddlech Zorte goufe beobacht. Mat Bléck op zejoert ass d'Zielung liicht besser ausgefall.
PDF: Communiqué vun natur&ëmwelt (18.3.2020)