
Besonnesch an Norwegen an an Dänemark ass scho virum Corona-Virus Schoul ënner fräiem Himmel gehale ginn. Elo soll dëst nach méi dacks gemaach ginn, wéi virun der Pandemie. Eleng schonn, well ee sech an der Natur manner séier mam Virus ustécht wéi an engem zouene Raum.
Nom Modell aus Dänemark gëtt et och an Däitschland e Beispill vun enger Outdoor-Klass. Am Anna-Essinger Gymnasium zu Ulm gouf dëst ganzt Schouljoer een Dag pro Woch am Bësch geléiert, ob Sonn oder Reen. Et geet hei awer net drëm, en Ausfluch ze maachen: De Programm vun de Fächer Däitsch, Biologie, Mathe a Geographie gëtt dobausse konsequent weidergefouert. An dëser Schoul gëtt d’Beweegung esou scho grouss geschriwwen, wat an der fräier Natur zousätzlech gefërdert gëtt.
Bei de Schüler konnt eng méi héich Motivatioun a Konzentratioun festgestallt ginn, wa se dobausse sinn. E weidere positive Punkt ass de bessere Kontakt tëscht hinnen an de Proffen. Eng Etüd huet erginn, datt de Cortisol-Niveau bei de Schüler sech méi normaliséiert, wa se an der fräier Natur sinn.
D’Schüler aus dem Anna-Essinger Gymnasium schreiwen op engem Briet, si kréie plastifizéiert Blieder oder grouss DIN-A3-Kopien a si sëtzen op spezielle Këssen. D’Coursen am Bësch sinn anescht opgebaut, wéi dobannen an der Schoul. Bis elo ginn et awer nach net vill Klassen an Däitschland, déi an deem Beräich Erfarunge konnte sammelen.
A verschiddene Gemengen zu Lëtzebuerg ginn et ewell Bësch-Spillschoulen, an deenen d'Kanner de ganzen Dag just dobausse sinn. Am Fondamental goufen et och scho pedagogesch Ausflich virun der Corona-Pandemie. Besonnesch am Eveil aux Sciences sinn dës Sortië recommandéiert.
Fir d’Wëssen ze verdéiwen, kënnen ënnert anerem Planzen an Déieren am Bësch observéiert ginn, eng Visitt vun engem Schlass oder enger Buerg ka geplangt ginn. An der Mathe hëlleft et de Schüler Pläng vun enger Gemeng ze liesen, respektiv fir selwer erauszefannen, wéi laang e Kilometer ka sinn. Bei esou Sortië beweegen d’Kanner sech méi, wéi wa se an der Klass sëtzen.
Bei der Reprise vun de Schoulen nom Lockdown huet den Educatiounsminister Claude Meisch recommandéiert, datt esou Sortië méi heefeg um Stonneplang sollte stoen. An dëse flotte Momenter kënnen d’Schüler villes entdecken an erliewen. An do dernieft kënne si déi geléiert Matière besser assimiléieren.
