Situatioun drastesch geännertSchoule vun e Méindeg un zou, ëffentlechen Transport funktionéiert weider

Claude Zeimetz
Maxime Gillen
Am Ganze ginn et 26 Infektiounen am Land. Dorënner ee Mann vu 94 Joer, deen an engem kriteschen Zoustand ass. Iwwer 90 Leit sinn a Quarantän.
Déi ganz Pressekonferenz vu Bettel a Lenert
En Donneschdeg gouf et ee weideren extraordinäre Regierungrot wéinst der Longekrankheet.

Resumé Regierungsrot / Reportage Maxime Gillen

De Coronavirus ass definitiv zu Lëtzebuerg ukomm an d'Situatioun huet sech an de leschte 24 Stonnen drastesch geännert, dat soten de Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert wéi se en Donneschdeg den Owend no engem weideren extraordinäre Regierungsrot wéinst der Longekrankheet virun d'Press getruede sinn. Deem zweete bannent 24 Stonnen.

Extrait Xavier Bettel: Mesuren

Xavier Bettel: Déi Mesuren, déi mer haut decidéiert hunn, si vun enger Envergure, wéi se eenzegaarteg hei zu Lëtzebuerg sinn. An den nächsten Deeg a Woche ännert sech den Alldag an onsem Land a mir mussen eis upassen. Jidderee vun eis. Et geet elo drëms, d'Vitess mat där de Virus sech verbreet maximal ze drosselen. Et ass fundamental, dass mer alles maachen, fir nei Infektiounen esou wäit wéi et nëmme geet och ze evitéieren.“

PDF: Schreiwes vun der Regierung

Back to Top
CIM LOGO