D'Motioun vum CSV-Deputéierte Paul Galles, déi beim Gesetz an d'Kommissioun verwise gouf, huet als Zil, eng unifiéiert Plattform vum Staat mat Stageplaze fir déi Jonk ze offréieren. Eng digital Plattform, déi och schonn zanter 2018 ëmmer erëm vun der Unel, der Unioun vun de Lëtzebuerger Studenten, gefuerdert gëtt.
E wichtege Schrëtt a Richtung gerecht Behandlung vu Stagiairen aus der Schoul, esou de Paul Galles.
"D'Iddi ass, datt mer wierklech eppes Visionäres opbauen, wou ganz ville Stagë kënnen ugebuede ginn. Wou ganz vill Patrone kënne Stagë proposéieren an déi Jonk do op d'Sich ginn. Et soll e Virgespréich mat all den Acteuren aus de verschiddene Branchen entstoen. Esou, datt déi Jonk och kënnen erausfannen, wat fir Secteuren et iwwerhaapt gëtt a wat och vläicht intressant fir si ass."
Et gëtt ee sech bis Enn dës Joers, fir zesumme mat der Maison de l'Orientation eng Strategie auszeschaffen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch.
"Mir wëssen, datt et schonn eng Rei vu méi klenge Plattforme gëtt. Mir wëssen awer och, datt déi hir Schwieregkeeten haten. A wa mer elo eng grouss National wëlle maachen, musse mer och kucken, datt mer do den Toun richteg treffen. Da musse mer d'Entreprise mat u Bord kréien, datt se effektiv hir Plazen drop mellen an datt d'Plattform och vun de Schoulen acceptéiert gëtt. Do ginn et scho ganz vill verschidden Initiativen."
D'Stage-Gesetz garantéiert Qualitéitskrittären an de Stagë vu Schüler a Studenten. Et ass e legale Kader, deen och festhält, datt all Stage, mat e puer Exceptiounen, muss bezuelt ginn.
Donieft war um Mëttwoch awer och de Sport an de Schoulen an an de Lycéeën een Thema. Am Fondamental ass de Sportunterrecht jo nees erlaabt. An de meeschte Lycéeë gëtt et d'Offer, fir de Sport no de Schoulzäiten nozehuelen. Eppes, wat ee bei der CSV begréisst. Bedauere mécht een awer, datt bis ewell nach kee richtegt Konzept fir d'Rentrée am September steet an datt d'Associatioun vun de Sportsproffen e bësse lénks leiegelooss gouf, esou d'CSV-Deputéiert Martine Hansen.
"An dofir war eis Demande, elo de Summer ze notzen, fir am Summer e fäerdegt Konzept do ze hunn. Mir sinn am Fong drop verwise ginn, datt de Sportsministère mat de Federatiounen zesumme Konzepter ausgeschafft huet. Mä e Konzept vun enger Federatioun ass awer eppes aneres fir de Schoulsport. Déi sinn an eisen Aen net direkt mateneen ze vergläichen."
De Sportminister Dan Kersch verdeedegt. Et wär déi lescht Woche vill a konsequent geschafft ginn. De Programm vum Sportsproff géif och an Zukunft flexibel bleiwen.
"Vum COSL, vun de Sportsdokteren, vum LIHPS, vun de Leit vum Ministère, goufe fir all eenzel Sportaart praktesch Konzepter ausgeschafft. Déi sinn eng gutt Basis, wann een elo diskutéiert, wéi de Schoulsport soll weidergoen. Selbstverständlech, an dat ass och wichteg, muss all eenzelen Enseignant do eng gewësse Flexibilitéit behalen."
30 Konzepter goufe bis ewell iwwert déi lescht Wochen ausgeschafft. 5 bleiwen der nach, well och d'Aktualitéit an de leschte Wochen ëmmer nees changéiert huet. Vu Säite vum Ministère hofft een, datt keng grouss Ännerunge fir déi lescht 3 Woche vum aktuelle Schouljoer méi dobäikommen. Prioritéit wier elo d'Rentrée am September.
