Police sicht no ZeienSchroen Accident tëscht Moto an Auto op der Héicht vu Lauterbuer

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg géint 14.30 Auer koum et op der N11 zu engem méi schwéieren Accident. Eng Motocyclistin gouf dobäi méi uerg verwonnt.
© Domingos Oliveira / RTL

Op der Héicht vu Lauterbuer op der Kräizung a Richtung Scheedgen (CR118) krute béid Gefierer sech ze paken. Éischten Informatiounen no koum d’Motocyclistin mat schwéiere Blessurë mam Rettungshelikopter an d’Spidol.

D’Streck tëscht dem Méchelshaff a Lauterbuer war iwwert e puer Stonne komplett vir de Verkéier gespaart. De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police war op Uerder vum Parquet op der Plaz an huet d’Ermëttlungen opgeholl. Eréischt géint 20 Auer war d’Strooss nees op.

D’Police sicht elo no Zeien, déi Informatiounen iwwert den Accident kënne ginn. All Infoen si fir d’Police zu Iechternach ënnert der Nummer 244-72-1000 oder per Mail un d’Adress police.echternach@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO