Alerte OrangeALVA rifft "Nutrilon PROfutura 1" zeréck
Iwwer LU-Alert huet d'Administration Luxembourgeoise Vétérinaire et Alimentaire eng Alerte Orange erausginn, wat eng mëttelstaark Gefor bedeit.
Zeréckgeruff gëtt d’Puddermëllech fir Puppelcher Nutrilon PROfutura 1 vun der Mark Nutricia, well hei méiglecherweis Cereulid kéint am Produit ze fanne sinn, datt duerch de Mikroorganismus Bacillus cereus produzéiert gëtt. Dëse Produit gouf a méi Geschäfter am Land verkaf.
Hei d’Detailer zum Produit:
- Name: Nutrilon PROfutura, 1 (Säuglingsanfangsnahrung)
- Marke: Nutricia
- Einheit: 800 g
- Barcode: 8718117612352
- Mindesthaltbarkeitsdatum (MHD): 19-08-2027
- Losnummer: 2027.08.19
All d’Detailer fënnt een op LU-Alert.lu.