Wéinst Manktem u JonkenSelektiounsprozess bei der Arméi soll geännert ginn

RTL Lëtzebuerg
Dëse Freideg goufen 28 nei Zaldote vereedegt, dorënner 4 Jonker, déi déi portugisesch Nationalitéit hunn.
VIDEO: Selektiounsprozess bei der Arméi soll geännert ginn / Rep. Ryck Thill (12.1.2020)
Bei der Arméi sollen et geschwë Changementer ginn. Dat, well de Manktem u Jonken nach ëmmer net behuewe gouf.

Zanter 2002 kënne jo och EU-Bierger, déi op d'mannst 3 Joer am Land liewen, der Lëtzebuerger Arméi bäitrieden. Dat geet awer net duer, fir genuch Leit ze rekrutéieren. Aktuell sinn eng 1.000 Leit an der Arméi, vum Gesetz hier ass en Effektiv vu bis zu 1.400 Leit méiglech. Elo solle weider Efforte gemaach ginn, fir d'Arméi als Employeur nees méi attraktiv ze gestalten.

AUDIO: Alain Duchène

Dem État-major no géingen nach ëmmer net genuch Jonker sech mellen an d'Tester fir d’Grondausbildung packen. Fir méi Leit kënnen ze rekrutéieren, soll de Selektiounsprozess geschwënn anescht oflafen. D'Grondausbildung dauert 16 Wochen, just 50% vun dëser Sessioun hätte bis zum Schluss duerchgehalen. De schrëftlechen Test soll duerch e Psycho-Test ersat ginn, fir esou d'Potential vun de Kandidate besser anzeschätzen. De Generol Alain Duschène hofft, dass esou den Effektiv vun der Arméi an d'Luucht geet.

Do dernieft soll d'Arméi méi attraktiv ginn a besser berufflech Perspektive bidden. Zum Beispill, andeems eenzel Karriäre beim Staat exklusiv fir déi Leit reservéiert sinn, déi um Härebierg waren.

D'Arméi soll och besser Infrastrukture kréien. D'Kasär um Härebierg, de Munitiounsdepot um Waldhaff an och de Schéissstand am Bleesdall solle moderniséiert ginn.

RTL-Artikel: Promesse solennelle zu Ierpeldeng op der Sauer

Back to Top
CIM LOGO