Allergiker opgepasstSoja a Weess an de "Bugles Nacho Cheese" vu Lay's
Déi Allergene sinn an de Chips, obwuel se op der Etikett net ernimmt ginn. Dat mellt d'Sécurité Alimentaire e Freideg.
Betraffe Leit, déi op Soja oder op Weess allergesch reagéieren, sollen de Produit net consomméieren. D'"Bugles Nacho Cheese" fënnt een am Delhaize an am Lidl, d'Distributioun an anere Geschäfter kéint awer net ausgeschloss sinn.
Concernéiert sinn d'Produiten, déi den 19. September 2020 oflafen.
Liest hei den offizielle Schreiwes vum Commissariat du gouvernement à la qualité, à la fraude et à la sécurité alimentaire.