RouderssenSortie de Route bei der Rallye Luxembourg

RTL Lëtzebuerg
Nodeems en Auto vun der Strooss ofkomm war, ass en nieft der Streck an eng Remorque gerannt.
© Police

Wéi d'Police schreift, hätten d'Bremse vum Won versot. D'Gefier wier iwwert e Feld an e Schapp gefuer, wou een an eng Remorque vun engem Trakter gerannt wier.

D'Rettungsdéngschter esou wéi de Rettungshelikopter goufen op d'Plaz geruff.

D'Co-Pilotin huet aus dem Auto misste geschnidde ginn a gouf vum Rettungshelikopter an d'Spidol op Ettelbréck geflunn.

D'Police präziséiert, datt si, wéi och de Chauffer, just liicht verwonnt goufen.

Back to Top
CIM LOGO