Situatioun um FindelSou gutt wéi keng Passagéiervolle méi

RTL Lëtzebuerg
Net just an den Entreprisen an op de Stroossen ass et an de leschten Deeg méi roueg ginn, mä och um Himmel.
Sou gutt wéi keng Passagéiervolle méi um Findel
Net just an den Entreprisen an op de Stroossen ass et an de leschten Deeg méi roueg ginn, mä och um Himmel.

D’Zuel u Passagéier-Flich ass drastesch erofgaangen an domadder och d’Aktivitéiten an den Terminallen um Fluchhafen um Findel. Komplett zoumaache wäert de Fluchhafen awer net, wéi eis de CEO vu Luxairport René Steinhaus sot.

Virun allem wäerten hei nach Cargo-Fligeren a Vollen, wou Leit zréck heembruecht ginn, landen.

Beim Personal um Fluchhafe wär och dofir weider eng Noutbesetzung op de wichtege Plazen wéi dem Terminal, dem Tower an um Tarmac.

Anerer wäre souwäit et geet am Home Office. Wéi eng weider Schrëtt een elo misst beim Personal huelen, misst ee fir all Eenzelfall a jee no Entwécklung vun der Situatioun kucken.

Back to Top
CIM LOGO